
Déi nächst Indextranche vun dësem Joer wäert net ewech falen, seet de Premier Xavier Bettel. Um Bord vum EU-Spezialsommet zu Bréissel war hien op déi divers Reaktiounen agaangen, déi et zu Lëtzebuerg no der Annonce vun enger weider Tripartite gouf.
“Et geet ëm zwee Punkten. Eng Kéier drëms, wéi d’Kompenséierung soll weiderlafen. Dat sot ech schonn. An zweetens, wéi mir ëmgi mat deene Mesuren, déi auslafen, wat jo dann en inflationisteschen Impakt hätt. Ech ka just soen: ech denken net drun, dass déi nächst Indextranche ewechfält. Mir hu Walen. Wann eng aner Regierung un den Index fréckele wëll goen, muss se dat virun de Wale soen. Dës Indextranche gëtt bezuelt a mir hunn eis engagéiert, dass déi fir d’Betriber kompenséiert gëtt. Dat ass haut nach ëmmer richteg.”