Stater GeschäftsverbandDéi nei Presidentin Mireille Rahmé-Bley

Christophe Hochard
Diana Hoffmann
Zënter engem Mount elo ass si déi nei Presidentin vum Stater Geschäftsverband. Domat remplacéiert si de Guill Kaempff, deen 9 Joer un der Spëtzt stoung.
Nei Presidentin vum Stater Geschäftsverband
Zënter engem Mount elo ass d'Mireille Rahmé-Bley nei Presidentin vum Stater Geschäftsverband. Si remplacéiert de Guill Kaempff, deen 9 Joer un der Spëtzt war.

Ma och d’Mireille Rahmé-Bley ass schonn zanter 9 Joer am Comité a war virdru Vizepresidentin. D’Zil wat si elo wëll ustriewen ass, dass d’Stad erëm esou gëtt, wéi virun der Pandemie. Vill Leit hätten nämlech nach ëmmer Angscht an d’Geschäfter an an d’Restauranten ze goen. Ëmmer néi Reglementatiounen am Kampf géing de Covid géinge veronsécheren. Un dësem Fait kann de Commerçanten oder Restaurateur awer net vill änneren. Et ginn awer Stellschrauwen, un deene ka gedréint ginn. Zum Beispill sinn dofir Aktivitéiten an der Stad néideg, wéi d’Braderie déi geschwënn ass.

Ma d’Attraktivitéit an der Stad muss fir d’Leit héich bléiwen, an dozou zielt och d’Accessibilitéit. Sträitthema sinn hei dacks Parkplazen. Méi oder manner? De Mobilitéitsschäffe vun der Stad, de Patrick Goldschmidt huet en Donneschdeg op der RTL-Antenn gesot, wa méi Parkplazen do wieren, kéimen och méi Leit an d’Stad. D’Mireille Rahmé-Bley weist dorop hin, dass et nach vill Parkméiglechkeeten an der Stad ginn, wéi d’Parkhaus Robert Schuman ënnert dem Glacis oder dat ënnert der Place de l’Europe, déi gutt un den Tram ugebonne sinn. Parkplazen direkt am Zentrum wieren awer och néideg, wann een zum Beispill eng Tëlee keeft. Dass elo 3 Parkhaiser matenee renovéiert ginn, wier zwar néideg, mee d’Union Commerciale bedauert, net virdrun heiriwwer informéiert ginn ze sinn. An et wier ee frou gewiescht, wann dat net géing déi selwecht Zäit gemaach ginn.

Ëm e Geschäftsstierwen an der Stad mécht sech di nei Präsidentin iwwerdeems keng Suergen. Zuel vun de Commercen déi zoumaachen, an deenen déi opginn, géing sech d’Wo halen. Dass esou vill Luxus-Geschäfter op Lëtzebuerg kommen, an och d’Galerie Lafayette hier Dieren an der Stad opgemaach huet, wäert si als positiv, an eng gutt Publicitéit fir d’Land. Dass grouss Chaînë wéi Zara, Pull&Bear oder C&A sech aus der Stad zréckgezunn hunn, ass hirer Meenung no reng finanziell motivéiert.

Mat der Pandemie an dem Chantier vir den Tram hätten d’Commerçante vill gelidden, mee lo hätt een eng schéi Stad a géing positiv an d’Zukunft kucken.

Back to Top
CIM LOGO