SMSen, E-Mailen, Telefons-UriffDéi Onéierlech sinn deels ganz kreativ ginn: Affer an Expert iwwer Phishing

Pierre Jans
Uganks 2023 hat eng Analys vun der Post erginn, datt bannent enger Woch 20.000 SMSe verschéckt goufen, déi Cliente virgaukelt hunn, si kéime vu Guichet.lu.

Wéi vill Leit dorop eragefall sinn, ass net gewosst. Kloer ass awer, an engem schwaache Moment kann et jiddereen treffen.

Déi jonk Fra, déi mir am Reportage Sandra nennen, gouf rezent sou just keen Affer vu Phishing.

Ugefaangen hat et bei hir mat enger SMS. De Köder hei net onbekannt: E Problem beim Luxtrust-Zertifikat. Si hat net reagéiert. Wéi den Onéierlechen duerno fläisseg weider probéiert hat, un hir sensibel Donnéeën ze kommen, dat kënnt dir hei am Video kucken.

Affer vu Phishing
Uganks 2023 hat eng Analys vun der Post erginn, datt bannent enger Woch 20.000 SMSe verschéckt goufen, déi Cliente virgaukelt hunn, si kéime vu Guichet.lu.

Opklärung a Berodung spillt bei der Internet-Sécherheet eng ganz grouss Roll. Déi Roll iwwerhëlt hei am Land Bee-Secure, eng Regierungs-Initiative, déi zanter hirer Grënnung virun 13 Joer ëmmer méi u Bedeitung krut. En Dënschden war de de Jacques Federspiel vu Bee-Secure um Plateau op der Tëlee.

Interview mam Jacques Federspiel vu Bee-Secure
Uganks 2023 hat eng Analys vun der Post erginn, datt bannent enger Woch 20.000 SMSe verschéckt goufen, déi Cliente virgaukelt hunn, si kéime vu Guichet.lu.

Back to Top
CIM LOGO