
Déi protestantesch Kierch hei am Land trennt sech vun hirem tituläre Paschtouer Volker Strauß. Dat huet hire Consistoire e Sonndeg op enger extraordinärer Generalversammlung decidéiert an huet dat och esou dem zoustännege Minister Bettel matgedeelt. Esou heescht et an engem Schreiwes vun e Méindeg den Owend.