Auto a Bam geranntDéidleche Verkéiersaccident tëscht Gräisch an Tënten
Um Samschdeg um 12.28 Auer krut een Automobilist aus net gekläerte Grënn ee Bam ze paken op der Streck tëscht Gräisch an Tënten.
De 26 Joer ale Chauffer war dout op der Plaz.
D’Streck war bis kuerz viru 5 Auer wéinst den Opraumaarbechte gespaart.