Bei der Offaart StengefortDéidlechen Accident mat enger Camionnette op der A6

RTL Lëtzebuerg
An der Nuecht op e Sonndeg war et op der Areler A6 géint 3 Auer zu engem schroen Accident mat enger Camionnette komm, deen de Chauffer net iwwerlieft huet.
© RTL

Wéi d’Police schreift, hätten d’Rettungsdéngschter näischt méi fir de verongléckte Chauffer maache kënnen. De 40 Joer ale polnesche Staatsbierger konnt just nach dout gebuerge ginn.

Éischten Erkenntnisser no hat de Pol d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer, wouduerch d’Camionnette bei der Offaart Stengefort frontal géint e klengen Hiwwel geschleidert gouf. Firwat de Chauffer d’Kontroll verluer hat, ass bis ewell net gekläert.

Op Uerder vum Parquet gouf de Miess- an Erkennungsdéngscht mat der Enquête iwwer den Accident beoptraagt.

Wéi de CGDIS e Sonndeg de Moien a sengem Bulletin stoen hat, waren d’Ambulancieren an d’Pompjeeë vu Stengefort a Koler op der Plaz, grad ewéi de Samu aus der Stad.

Back to Top
CIM LOGO