
Aus nach net gewosste Grënn, hat eng Automobilistin d'Kontroll iwwer hiert Gefier verluer an ass op d'Géigespur geroden. Do krut si e Bus frontal ze paken. Dat mellt de Républicain Lorrain op hirem Internetsite.
De Bus war zum Zäitpunkt vum Ongléck eidel, de Buschauffer gouf blesséiert. D'Fra am Auto huet missen aus dem Gefier befreit ginn, fir si koum all Hëllef ze spéit.