Déiereschutzorganisatioune kritiséierenDéiereschutzgesetz muss besser ëmgesat ginn

RTL Lëtzebuerg
D'Déiereschutzgesetz vun 2018 wier gutt, mä et géing net ëmgesat ginn, soen d'Vertrieder vun diversen Déiereschutzorganisatiounen.
Déiereschutzgesetz muss besser ëmgesat ginn
Déi Kritik kënnt vu verschiddenen Déiereschutzorganisatiounen. Ee grousse Problem wier awer och d’Logistik, well Déierenasyler sinn just am Süden an am Zentrum.
Besonnesch géing et un enger nationaler Richtlinn feelen, fir déi Organisatiounen ze ënnerstëtzen, déi d’Déiere konform zum Gesetz maachen.

Déiereschutzgestz / Reportage Diana Hoffmann

D’Situatioun um Terrain wier net gutt, soen d’Déiereschützer. Déi véier Déierenasyler, déi et am Land ginn, wieren iwwerlaascht. All Woch hätt een awer Ufroe fir nei Hënn opzehuelen. Zu Schëffleng wieren eleng d’lescht Woch 5 Ufroen agaangen, seet de Sasha André, President vum Déiereschutz Schëffleng. Fir méi Plaz ze hunn, wier schonn e bëssi ëmgebaut ginn. Generell bräicht een awer nei Infrastrukturen, besonnesch am Norde vum Land, wou et, mat Ausnam vu Privatinitiativen, keng géing ginn. Op d’mannst eng Opfangstatioun soll amenagéiert ginn, sou d’Fuerderung.

Landeswäit hëllefe vill Benevoller dobäi, datt d’Déiereschutzgesetz vun 2018 ëmgesat gëtt. Dëst gesäit vir, datt Kazen, déi kengem gehéieren an dobausse lafen, musse gehippt a kastréiert, respektiv steriliséiert sinn. Eng Déiereschutzorganisatioun, déi sech dorëmmer këmmert, ass “Een Häerz fir Streuner”. An engem Joer huet d’Associatioun 77.000 Euro ausginn, eleng fir Kaze konform zum Gesetz ze maachen. 30.000 Euro waren dann noutwendeg, fir zousätzlech Traitementer, wëll d’Déier krank war oder fir Operatiounen, Impfungen a Fudder. Hëllefe kritt d’Associatioun awer weder vum Staat nach vun der Gemeng, kritiséiert d’Nadja Burg vun der Associatioun. Et ass een op Spendegelder ugewisen a bräicht Ënnerstëtzung, datt een “net nach misst nuets bastelen, fir eppes op engem Marché ze verkafen, fir Suen ze kréien.”

Verschidde Gemengen hëllefen awer. Zum Beispill krut den Déiereschutz Schëffleng zejoert 30.000 Euro u Subventiounen duerch eng Konventioun mat der Gemeng. Dëst fir Kastratioun, Sterilisatioun an d’Chippe vu Streuner. Woubäi déi reell Ausgabe fir aner Traitementer vun dësen Déiere bei 50.000 Euro geleeën hunn. Mä net all Gemeng gëtt esou Subventiounen. Dofir fuerderen d’Déiereschützer en nationale Plang. Doranner soll de Staat Richtlinnen opstellen, wéi eng Hëllefen d’Gemenge musse bei der Ëmsetzung vum Déiereschutzgesetz leeschten.

Doriwwer eraus huet d’Adela Fuentes vun der Organisatioun Amiavy nach kritiséiert, datt et keng Struktur fir verhalensopfälleg Hënn gëtt. Fir dës géing dacks just nach d’Euthanasie bleiwen. A generell gouf et nach den Appell, datt d’Leit missten an ënnerschiddleche Froe besser sensibiliséiert ginn. Datt, wa se en Déier mussen ewechginn, si sollen sou fréi wéi méiglech Bescheed soen. An, datt een net einfach esou kéint en Déier aus dem Ausland matbréngen, mä gewësse Konditioune missten erfëllt sinn.

Back to Top
CIM LOGO