
Schonn an de leschte Joren huet d’Pirate-Partei ëmmer rëm op d’Situatioun vum Déiereschutz hei am Land opmierksam gemaach a Verbesserunge virgeschloen.
Ënnert anerem fuerdert d’Partei en Iwwerschaffe vum Juegdgesetz. Net well ee “géint d’Juegd” ass, “mee fir eng seriö Juegd”, sot de Marc Goergen en Dënschdeg. D’Klappjuegd wéi se haut ass, wier eng “barbaresch Léisung aus dem Mëttelalter”, déi moderniséiert misst ginn, heescht et am Communiqué vun e Mëttwoch. Fir d’Pirate misste “manner Stress” fir d’Déieren an eng “seriö a reegelméisseg Aarbecht vum Jeeër am Virdergrond” stoen.
Doriwwer eraus setzt sech d’Partei weiderhin dofir an, datt bei Iechternach keng Muffele méi ëmbruecht ginn. Schonn 2020 haten d’Pirate sech dogéint gewiert, datt bei enger administrativer Dréckjuegd Muffelen ofgeschoss sollte ginn. Wann d’Déieren zu engem Problem ginn, sollten se net ëmbruecht, mä agefaangen an op eng aner Plaz bruecht ginn.
En vue vum Mantelsonndeg fuerdert d’Partei dann och erëm e Verkafsverbuet fir Pelz. Schonn 2019 hat d’Partei an der Chamber e Verbuet gefuerdert, dat vun de Regierungsparteien ofgeleent gouf, wou sech awer dräi Joer méi spéit nach ëmmer näischt gedoen huet.
D’Pirate-Partei gesäit also nach Loft no uewe beim Déiereschutzgesetz vun 2018. D’Déiere misste sech dem Wëlle vum Mënsch ënnerwerfen an dee” Mënsch géing Gott spillen”, huet den Daniel Frères d’Situatioun op der Pressekonferenz beschriwwen.