D'Police melltDéif hu ronn 900 Liter Diesel aus engem Camion gepompelt

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police e Méindeg matdeelt, hunn Déif op engem Parking tëscht Luerenzweiler a Lëntgen engem geparkte Camion den Tank eidel gemaach.
© Afp (Archiv)

Ronn 900 Liter Diesel hunn d’Déif dobäi geklaut. Bei den aktuelle Pëtrolspräisser kaschten 900 Liter Diesel op der Pompel eng 1.350 Euro. Wou de Camionschauffer de Méindeg de Schlëssel vum Gefier ëmgedréit huet, huet hien den Déifstall bemierkt.

Zu Déifferdeng gouf an der Rue Yvonne Useldinger iwwert de Weekend Koffer geklaut. Iwwert de Weekend sinn Onbekannter an ee Chantier agebrach an hunn do e puer 100 Meter Kofferdrot geklaut.

An der Stad gouf tëscht dem Sonndegowend 23 Auer an dem Méindegmoie 6.30 Auer an een Haus am Mühlenweg agebrach. Iwwert eng Buedzëmmerfënster hannert dem Haus si si an d’Haus komm an hunn do ee Laptop, Kreditkaarten, e Smartphone a Boergeld geklaut. De Bewunner vum Haus huet den Abroch bemierkt, wou hien nees Doheem ukomm ass.

Och an ee Café an der Rue St. Nicolas zu Dikrech gouf an der Nuecht op e Méindeg agebrach. Den Déif ass duerch d’Viischtdier era komm an huet Bannenan een Automat vun der Loterie nationale opgebrach. Hien huet sech mat de Suen aus dem Automat duerch d’Bascht gemaach. Duerch een Alarm um Automat hëlt d’Police un, datt d’Maschinn géint 3 Auer um fréie Méindegmoien opgemaach ginn ass.

An der Haaptstad goufen tëscht Mëttwoch a Freideg ausserdeem dräi Parkauere beim Parking Hall Victor Hugo tëscht der Rue St.Zithe an der Rue de Bonnevoie opgebrach. D’Déif hu sech mat de Mënz aus dem Stëbs gemaach.

Back to Top
CIM LOGO