
Nieft diverse geklaute Géigestänn hat de Mann eng Matraque, Pefferspray an eng Schosswaff bei sech. Op Uerder vu Parquet gouf de Mann festgeholl an huet e Sonndeg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
Weider Déifställ
Wéi d’Police weider mellt, gouf zu Réiser an der Rue de Crauthem géint 5 Auer e schwaarze BMW M3 mat de Lëtzebuerger Placken DX6347 geklaut. Eng Sich war bis ewell ouni Erfolleg.
An der Rue des Capucins an der Stad gouf géint 4 Auer e Mann beklaut. Zwee jonk Täter vu ronn 20 Joer haten de Mann fir d’éischt um Bee festgehalen, fir him, wéi et geschéngt huet, de Schong auszedoen. Dobäi hu si awer dunn d’Auer vum Affer matgoe gelooss. Béid Täter sinn dono geflücht.