
Do virdru war der Police iwwer Deeg a Wochen ëmmer nees gemellt ginn, datt aus dem Wunngebai Päck verschwonne wieren. Éischten Erkenntnisser no soll de Mann ëmmer nees an d'Appartementshaus agedronge sinn an do Päck geklaut, déi u sech fir d'Bewunner geduecht waren. Bei enger Perquisitioun goufen eng Réi Géigestänn séchergestallt, deelt d'Police e Freideg de Moie mat. D'Saachen, déi de Mann soll geklaut hunn, goufe saiséiert. D'Ermëttlunge gi weider an de Fall gouf zu Protokoll geholl.
En Donneschdeg ass de Beamten awer nach een anere presuméierten Déif an d'Netz gaangen. De Verdächtege gouf duerch de Sécherheetsdéngscht vun engem Geschäft op der Areler Strooss, aus deem geklaut gi war, op der Plaz immobiliséiert, bis d'Policepatrull op der Plaz war. Bei enger Fouille hunn d'Beamten ee Rucksak an eng Rei Printerpatroune séchergestallt. Am Kader vu weideren Ermëttlungen hu sech Hiweiser erginn, datt de Mann eventuell och schonn aus Butteker zu Keel an zu Beetebuerg kéint geklaut hunn. Bei enger Perquisitioun vu sengem Auto konnten du weider Printerpatroune séchergestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf de Verdächtege festgeholl. Den Auto, zwee Handyen an d'Saachen, déi hie wuel geklaut huet, goufe saiséiert. E Freideg gouf de Verdächtege virun den Untersuchungsriichter bruecht.