Viru 7 JoerDéifstall, Geiselnam a Sequestratioun: Prozess huet ugefaangen

RTL Lëtzebuerg
4 Männer vun tëscht 33 an 49 Joer kréien dowéinst de Prozess gemaach!

Mat enger Geiselaffär aus dem Dezember 2012, déi sech iwwer 3 Deeg erstreckt hat, gëtt sech zanter en Dënschdeg de Moien um Stater Geriicht befaasst.

Viru bal 7 Joer war fir d'éischt de Patron vun enger Fiduciaire bei sech doheem zu Eech iwwerfall ginn. Déi zwee Haaptleit haten doropshi Bijoutieren an d'Firma an der Millebaach bestelle gelooss. Hinnen hate si virun allem wäertvoll Auere geklaut. Zu gudder Lescht goung et mat enger Geisel am Auto bis op Paräis.

Geiselnam viru Geriicht

Am Ganze goufen 9 Persounen d'Affer vun den zwee Haaptleit. Als Éischten hat um 1. Dag vun der Geiselaffär de Patron vun enger Fiduciaire onfräiwëlleg Bekanntschaft mat den zwee Haaptmänner gemaach, déi Waffe bei sech haten. Si haten de Mann bei sech doheem iwwerfall a sequestréiert. Hie war dobäi ënner anerem sou zerschloe ginn, dass hien eng Rëpp gebrach hat a säi lénkst Ouer opgefuer war. Déi zwee Haaptleit hunn him eng 140.000 Euro ofgeholl, soss ënner anerem nach zwee Autoen a Bijoue geklaut an och ronn 12.000 Euro mat Kreditkaarte vum Affer opgehuewen. Als Kiischt um Kuch hat de Mann eng Vest mat Sprengstoff ugedoe kritt. Domat sollt Drock op en anere Mann gemaach ginn, dee méi spéit och sou eng u krut!

Um zweeten Dag sinn dunn ënner anerem Bijoutieren an der Fiduciaire als Geisel gehale ginn. Si goufe vun de Brigange gefesselt a waren am Sous-sol an en Heizungskeller agespaart ginn. Dëse Leit waren ënner anerem Aueren am Wäert vu bal enger Millioun Euro Akafspräis, Bijouen a Sue geklaut ginn. Eng vun de Geisele war doropshi bis an d'franséisch Haaptstad verschleeft an um am Ganzen 3. Dag vun der Geiselaffär do fräigelooss ginn.

Den zwee anere Beschëllegte gëtt reprochéiert, tëscht Dezember 2012 an Abrëll 2013 geklaute Saachen ëmgesat ze hunn. Déi 4 souzen a sëtzen heifir tëscht e puer Méint an Untersuchungshaft an zanter bal 7 Joer am Prisong.

Fir dëse méi aussergewéinleche Prozess sinn am Ganzen 12 Sëtzunge virgesinn: E soll bis bal Mëtt Dezember daueren! E Mëttwoch de Mëtte geet e virun.

Back to Top
CIM LOGO