
Eng reegelrecht Bandekriminalitéit, wou Mannerjäreger dra verwéckelt wieren, gëtt et net hei am Land. Et stëmmt awer wuel, datt Déifställ mat Gewalt, Menacen an och zum Deel Waffen, wou Jonker dru bedeelegt waren, zejoert ëm ronn 50 Prozent zougeholl hunn.
Parallel ass déi selwecht Zort vun Infraktiounen, bei deene Leit zu Schued koumen a wou Erwuessener d’Auteure waren, och ëm 48% an d’Luucht gaangen. Dat geet aus Policestatistiken ervir.
Déi zoustänneg Ministeren Tanson, Bofferding a Kox stellen an hirer Äntwert op déi parlamentaresch Fro vun den CSV-Deputéierte Wilmes a Mosar kloer, datt een op kee Fall dierft Jugendgewalt, Bandekriminalitéit an den Handel vu mannerjärege Kanner matenee vermëschen.
Déi selwecht Ministere soen dann och, datt et aktuell ee Fall vu Mënschenhandel gëtt, deen d’Police un de Parquet weidergereecht huet. D’Police huet dann och keng Informatiounen iwwer Handel mat Mannerjäregen, et kéint een och net soen, datt systematesch mannerjäreg Stroffälleger d’Affer vu Mënschenhandel wieren.