
Matten an den Diskussiounen ëm de Sozialplang fir eng ronn 200 Salariée ass et um Dënschdeg d'Annonce, datt de Grupp Delphi vum amerikanesche Produzent BorgWarner iwwerholl gëtt.
D'Nouvelle, déi um Dënschdeg de Moien op spezialiséierten ekonomeschen News-Sitte stoung, kruten d'Leit bei Delphi um Dënschdeg de Mëtteg confirméiert.
Och wann Delphi verkaf gëtt, solle bannent den nächsten Deeg d'Gespréicher iwwert de Sozialplang ofgeschloss ginn.
Zwou Divisiounen wäerten deemno d'nächst Joer op Blois a Frankräich delokaliséiert ginn, nëmmen nach een Departement bleift zu Käerjeng.
Delphi Technologies hat sech ewell 2017 vum Mammenhaus Delphi getrennt. Zu de Clienten ziele grouss Autosproduzente wéi VW, PSA oder BMW.
Den amerikanesche Grupp BorgWarner, deen op der Bourse kotéiert ass, huet Fabricken an 19 Länner a beschäftegt 30.000 Leit. Ë.a. ass de Betrib an der Produktioun vun Technologië fir Elektro-Autoen aktiv.