
De President vum Tribunal administratif huet nämlech dem Jeeër seng Demande no engem Sursis à exécution, wat ënnert anerem d'Anzéie vu sengem Juegdwaffeschäin ugeet, zréckgewisen. De Mann hätt och keng Indemnité de procédure zegutt a misst donieft fir d'Fraisen opkommen. Am Juli d'lescht Joer hat de Justizminister Felix Braz de Jeeër, deen 3 Méint virdrun um Stater Geriicht ënnert anerem eng Geldstrof vun 3.000 € wéinst dem Fentenger Accident kritt hat, iwwer seng Absicht informéiert, ënnert anerem säi Juegdwaffeschäin anzezéien. De Mann hat 15 Deeg Zäit kritt, fir seng Bemierkungen dozou virzebréngen, an dat Enn Juli zejoert gemaach. Nawell war et Enn August zu deem Anzéie komm.
Den Affekot vum Jeeër hat am November e Recours gracieux agereecht, ma d'Justizministesch Sam Tanson hat d'Refusdecisioun am Februar confirméiert. De Mann war am Juni op d'Verwaltungsgeriicht gaangen. Hie wollt ënnert anerem, dass e Sursis à exécution géif ordonéiert ginn, well d'Ausféiere vun der Confirmatiouns-, respektiv Refusdecisioun him e graven an definitive Schued verursaache géif. Hie kéint net méi op d'Juegd goen, d.h. et wär him verbueden, dat ze maachen, wat hie méi wéi 3 Joerzéngte mat, Zitat, „passion et dévouement“ gemaach hätt.
De President vum Tribunal administratif hält a sengem Urteel fest, e Sursis à exécution kéint nëmmen dekretéiert ginn, wann de Risk besteet, dass dem Kläger eben e graven an definitive Schued entstoe kéint, a wa seng Argumenter seriö erschéngen. Dem Mann säi Schued wär awer weder definitiv, well nach e Recours an annulation ausstéing, nach grave, wann hie senger Passioun, der Juegd, net an der Zäit vum Rechtssträit nokomme kéint. De Jeeër kéint sech och net op e Schuedrisiko beruffen, deen hie selwer verursaacht hätt oder matgehollef hätt ze verursaachen. Hien hätt de Schued och eréischt spéit ugefouert an inkonsequent gehandelt, andeems hie bis Juni gewaart hätt, fir no enger provisorescher Mesure ze froen. Dobäi wär d'Decisioun, fir him de Juegdwaffeschäin ewech ze huelen, vum August zejoert. Seng Demande no engem Sursis à exécution wär dowéinst zréckzeweisen.