GemengewalenDemokratesch a fräi Walen: Fir eng Rei Net-Lëtzebuerger eng Première

RTL Lëtzebuerg
Bis den 17. Abrëll konnte sech Neiwieler umellen, fir bei dëse Gemengewalen hir Stëmm ofzeginn.
Demokratesch a fräi Walen: Fir eng Rei Net-Lëtzebuerger eng Première
Bis den 17. Abrëll konnte sech Neiwieler umellen, fir bei dëse Gemengewalen hir Stëmm ofzeginn.

Bei de viregte konnte 75.000 auslännesch Matbierger net mat wiele goen, well se nach keng 5 Joer am Land gewunnt hunn. Fir dëst ze änneren, gouf de leschte Summer an der Chamber d’Gesetz gestëmmt, wou déi sougenannt Residenzklausel ewech fält. Bei de Walen dësen 11. Juni kënnen deemno och Net-Lëtzebuerger mat ofstëmmen, wie fir déi nächst 6 Joer an hirer Gemeng um Rudder ass.

Ënnert dësen Éischtwieler sinn och eng Rei Leit, déi an hiren Hierkonftslänner alles anescht ewéi fräi Wale kannt hunn. Wéi et sech ufillt, wann ee fir d’éischt Kéier a sengem Liewen un dësem demokratesche Prozess dierf deelhuelen? Dat erzielen dräi jonk Éischtwieler eis fir déi dësen 11. Juni e ganz groussen a wichtegen Dag an hirem Liewen gëtt.

Dozou gehéiert och d’Sabrie Gjeta aus Albanien, zënter 6 Joer lieft déi 22 Joer jonk Fra zu Lëtzebuerg. Haut studéiert si zu Déifferdeng op der Lunex Universitéit fir Kiné, an zënter kuerzem ass si och um Pabeier Lëtzebuergerin.

Och de responsabele Kach aus engem Leidelenger Restaurant, den Ehsan Amiri wäert den 11. fir d’éischt Kéier eng Walkabinn gesinn a freet sech dorop. Den 21 Joer jonke Mann huet eng jorelaang Odyssee hannert sech, hie gehéiert zu enger ethnescher Minoritéit aus dem Afghanistan, den Hazara. E Vollek dat zënter iwwert engem Joerhonnert ënnerdréckt a verfollegt gëtt. Als Mannerjäregen hat hie sech op de geféierleche Wee a Richtung Europa gemaach. Iwwer Iran, Tierkei, Griichenland bis erop a Schweden. Zenter d’Taliban zréck sinn, ass säi Vollek nach méi Gewalt an Terror ausgesat, gi verdriwwen an souguer ëmbruecht, well se als Ongleeweger ugesinn ginn. Zréck an d’Heemescht ass onméiglech! Datt hien no allem wat en erlieft huet haut eng flott Aarbecht als responsabelen Kichechef huet, Rechter an och seng Stëmm bei de Walen zielt, dat kann den Ehsan heiansdo nach ëmmer net richteg gleewen.

De Restaurant, wou den Ehsan schafft, gehéiert zu der klenger Chaîne Chiche, wou vill Awanderer net nëmmen eng éischt Aarbecht, ma och familiären Halt fannen. Ee vun de Matbegrënner ass de Moudi Alzaher. 2017 gouf den éischte Restaurant opgemaach, entretemps sinn et der 4 an et beschäftegt een iwwer 50 Leit aus ënnerschiddlechsten Natiounen.

Lëtzebuerg ass zënter 8 Joer dem Moudi säin Doheem, an elo och seng nei Heemescht ginn. Och um Pabeier, wéi hien eis houfereg erzielt. Gebierteg kënnt den 30 Joer ale Restaurateur aus Syrien. Wéi 2011 de Krich a Syrien ugoung, war hien als éischt 4 Joer an de Libanon geflücht, fir net an d’Arméi agezunn ze ginn. 2015 ass hie vum Libanon aus op Lëtzebuerg komm an huet sech du peu à peu seng kulinaresch Karriär an en neit Liewen opgebaut. De Krich a Syrien dauert bis haut, och fir hie sinn dës Walen eppes ganz Besonnesches. Meenungsfräiheet gëtt et a senger aler Heemescht net, a fräi Walen och net. An enger Diktatur huet een net de Choix.

Back to Top
CIM LOGO