Déi meescht dierften hei mat “Jo” äntweren. Ma den Internet ass jo och ëmmer an iwwerall disponibel. Problematesch, well hannert engem Klick en onsiichtbaren Acteur stécht, deen immens vill CO2 ausstéisst. Datenzentre wären awer net den Haaptproblem.
D’Ëmweltberodung huet zesumme mam “Autisme Luxembourg” d’ASBL “Grénge Web” gegrënnt. Entstanen ass eng Analys-Software. D’Zil vun der Initiativ ass et, den Ausstouss vu CO2 duerch den Internet ze miniméieren an Opmierksamkeet ze schafen. Well och doheem kann ee säin digitale Foussofdrock reduzéieren an dat ouni op eppes verzichten ze mussen.