Ried vum Wirtschaftsminister um 1. MeeDen Accord tëscht der Tripartite wier "fair a solidaresch"

RTL Lëtzebuerg
De Franz Fayot schwätzt a senger Ried nieft dem Index och de Krich an der Ukrain un, dee vir vill Onsécherheet an Angscht bei de Betriber a Leit suergt.
Ried vum Wirtschaftsminister um 1. Mee
D’Indextranche géife falen, ma et géif awer och eng Planungssécherheet fir d’Entreprise garantéiert ginn.

D’Aufgab vum Wirtschaftsminister wier et, fir d’Aarbechtsplazen ze sécheren. Wärend der Pandemie hätt een dofir Aiden en place gesat a fir den Effet vum Ukrain-Krich ofzefiederen, hätt een e gerechten a solidareschen Tripartite-Accord op d’Been gestallt.

Genee sou wéi an der Pandemie, géif och elo an dëser Kris no Léisunge gesicht ginn, sou de Wirtschaftsminister Franz Fayot a sengem Videomessage am Kader vum 1. Mee.

Am Virfeld vun dësem Dag huet de Wirtschaftsminister Franz Fayot, genee wéi d’Finanzministesch Yuriko Backes e Samschdeg de Mëtteg am Background, den Tripartite Accord verdeedegt.

Hie schwätzt op Réckbléck vun den Tripartite-Verhandlunge vun engem fairen Accord, deen ausgeschafft gouf, an d’Wirtschaft ënnerstëtzt an och bei deene Leit, déi et am meeschte bréichten, d’Kafkraaft eropsetzt a souguer wéinst den héijen Energiepräisser deelweis ze iwwerkompenséieren.

D’Indextranchë géife falen, ma et géif awer och eng Planungssécherheet fir d’Entreprise garantéiert ginn, sou de Minister weider a senger Ried.

Hei geet et op den originale Video vum Minister op Youtube!

Back to Top
CIM LOGO