D’Anaïs an de Sébastien si jonk, engagéiert a setzen hir Kompetenze fir d’Allgemengwuel an. Si gehéieren zu de ronn 50 Infirmieren an Infirmièren, déi am Kader vum Large Scale Testing d’Lëtzebuerger uechter d’Land op de Covid19 testen, vu moies bis owes, bal all Dag. Pro Woch kéinten esou 53.000 Tester gemaach ginn am Kader vun der zweeter Phase vum LST. Ma wien stécht hannert de Masken a Visièren? A wéi erlieft d’Personal den Alldag am Testzenter? D’Vidosava Kuzmic mat engem Abléck an den Oflaf vum Large Scale Testing.
Leschte Freide géint 13 Auer: et ass Schichtwiessel zu Schieren. Mir sinn an engem vun den 8 Covid-Test-Zentren. Zanter e puer Méint ass dat wäisst Zelt dem Anaïs Ventura hir nei Aarbechtsplaz. Déi 29 Joer jonk Infirmière kënnt vu Bordeaux a Frankräich an huet Mëtt Juni ugefaangen, fir den LST ze schaffen, de Large Scale Testing. Sie wier vun enger Agence zu Paräis kontaktéiert ginn, déi hir dës Plaz zu Lëtzebuerg proposéiert hätt. Do virdrun huet d’Anaïs ënnert anerem zu Bordeaux an der Reanimatioun geschafft.
Anaïs Ventura: “Ça permet de voir un peu de différentes choses, différents endroits – je ne connaissais pas le Luxembourg non plus. Du coup c’était l’occasion de venir.”
Haut sinn et ronn 500 Leit déi vum Anaïs an hiren Aarbechtskolleegen een Ofstréch am Hals gemaach kréien. Manner wéi eng Minutt hu si dobäi pro Persoun. Den Oflaf ass ëmmer dee selwechten.
“C’est sûr que c’est très redondant mais c’est notre métier aussi. On a choisi d’être là, de venir travailler ici. Donc on sait à quoi on s’engage quand on signe le contrat.”
An hirer Decisioun op Lëtzebuerg ze kommen, d’Bevëlkerung op de Virus ze testen a sech domat engem gewëssene Risk auszesetzen, hätten hir Elteren d’Anaïs voll a ganz ënnerstëtzt. Sie wieren houfreg op hiert Meedchen a wéissten, dass hatt op sech géing oppassen. Dobäi kënnt, dass d’Anaïs och schonn an der éischter Well a Frankräich duerch hire Beruff exposéiert gewiescht wier, erkläert déi jonk Infirmière.
An dësem weltwäite spezielle Kontext wier et eng Chance d’Kompetenzen ze hunn fir de Leit ze hëllefen, esou d’Anaïs.
“Je trouve ça important de mettre nos compétences au profit de ce genre de situation. C’est ça qui est motivant au final tous les jours à venir dans le froid.”
Dem Anaïs hire Kontrakt leeft Mëtt Dezember aus, wéi et duerno weider geet, géing vun der Evolutioun vun der Situatioun ofhänken. Definitiv zu Lëtzebuerg bleiwen. wëll d’Anaïs awer net.
“J’ai découvert le pays dans un contexte très particulier, en vivant à l’hôtel. Donc je n’ai pas une vision réelle de la vie ici. Après j’aime bien aussi ma région, j’ai ma famille, mes parents qui sont là-bas. Là c’était vraiment l’occasion de voyager en travaillant, de découvrir un nouveau pays. Pour l’instant ce n’est pas dans mes projets de rester ici définitivement.”
Nieft dem Anaïs, schaffen nach ronn 250 aner Leit an den Test-Zentren uechter d’Land. Ee vun hinnen ass de Sébastien Carrera. Hien ass am Test-Zenter um Bouillon als Infirmier am Asaz. Am Géigesaz zum Anaïs ass de Sébastien réischt an der zweeter Phase vun de flächendeckenden Tester dobäi gestouss. Hie kënnt frësch vun der Infirmièresschoul, krut am Juli säin Diplom an huet sech dunn op d’Sich no enger Aarbecht gemaach. Vue dass hie souwisou op Lëtzebuerg wollt schaffe kommen, huet hie sech op d’Annonce gemellt.
D’Aarbecht am Test-Zenter beschreift de Sébastien als intensiv. Hei um Bouillon géingen immens vill Leit sech teste loosse kommen, an et géingen der ëmmer méi ginn. Ma virun allem bei Leit déi di éischte Kéier den Test maachen, wier et wichteg sech Zäit ze huelen, fir mat hinnen ze schwätzen.
Sébastien Carrera: “C’est important de les rassurer, d’expliquer ce qu’on va faire, le but du test. Après c’est vrai qu’on a des personnes qui sont habituées, qui sont déjà venues plusieurs fois, donc eux ils connaissent le déroulement. On arrive facilement à rigoler un petit peu avec eux, à détendre l’atmosphère.”
Och wann dem Sébastien seng Haaptmotivatioun ass een éischte Fouss an de Lëtzebuerger Aarbechtsmarché ze setzen, sou mécht hien dësen Job awer och aus Solidaritéit.
“Moi je le vois comme un service rendu à la population. C’est avec plaisir que je le fais. A leur place j’aimerais bien que quelqu’un me vienne tester aussi pour voir si je suis positif.”
Am Dezember leeft dem Sébastien säi Kontrakt aus. Wéi et duerno weider geet, steet an de Stären. Nom Projet LST hofft hien op alle Fall eng fest Aarbechtsplaz zu Lëtzebuerg ze kréien.
Nieft den 8 fixen Test-Statiounen, gëtt et am LST 2 neierdéngs och eng mobil Ekipp. Een ëmgebaute Bus erlaabt et eraus bei d’Leit ze fueren.
Den André Hansen, Responsabele vum Projet, erkläert wéi dës nei Offer funktionéiert.