IRMen, Boergeld a KlappjuegdDen Ament sinn 3 Debaten an der Chamber virgesinn

RTL Lëtzebuerg
Eng Petitiounen huet da schonn den néidege Seuil erreecht, fir dass de Sujet an der Chamber debattéiert gëtt, obwuel se réischt de Weekend online goung.

D’Steieren erof setzen fir Celibatairen - eng Petitioun fuerdert dat zanter e Samschdeg an elo scho sinn déi néideg Ënnerschrëfte zesumme komm.

Celibatairë misste sou vill Steiere bezuelen oder méi wéi bestuete Leit. Déi Ongerechtegkeet misst nees am Parlament diskutéiert ginn, besonnesch elo mat der Inflatioun.

Iwwer 5.800 Leit hate bis en Donneschdeg de Mëtteg d’Petitioun ënnerschriwwen, 4.500 si jo néideg.

D’Ënnerschrëfte mussen um Enn awer ëmmer all kontrolléiert ginn. 38 Deeg laang kann een d’Petitioun awer nach ënnerstëtzen. Dono ass dann en Debat dozou an der Chamber.

3 Debaten iwwer Petitioune sinn aktuell an der Chamber virgesinn

Den 8. Mäerz gëtt iwwer e besseren Zougang zu IRMen, Scanner a Mammographien diskutéiert.

De 15. Mäerz ass d’Recht fir mat Boergeld ze bezuelen, dat ee soll an d’Verfassung schreiwen, Thema.

An de 25. Abrëll wäert an der Chamber iwwer d’Ofschafe vun der Klappjuegd diskutéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO