Xavier Bettel no Entrevue mat Google"Den Datenzenter zu Biissen ass de Moment net Prioritéit bei Google"

RTL Lëtzebuerg
Op der Wirtschaftsmissioun a Kalifornien hat de Premier Xavier Bettel och en Treffe mat Google. Hei ginn et éischter negativ Nouvellen am Kader vu Biissen.

Et gouf awer annoncéiert, datt den Technologie-Ries eng Unitéit zu Lëtzebuerg schafe wëll, am Kader vun engem neie Service fir Date-Sécherheet, deen de Grand-Duché an Zukunft ubidde wéilt. Detailer iwwert dëse Projet gëtt et um Donneschdegowend am Journal vun der Tëlee.
Mä och de laang geplangten Google Datazenter zu Biissen war Thema bei de Gespréicher an den USA an do goufen et éischter keng positiv Nouvellë vu Google, den Daten-Zenter zu Lëtzebuerg hätt nämlech den Ament keng Prioritéit.

Heizou de Premierminister Xavier Bettel: “Mir hu selbstverständlech iwwert den Datazenter zu Bissen geschwat, dat kann ech iech net verstoppen. Et war e Sujet. Mä de Moment ass den Datazenter, wéinst der geopolitescher Situatioun an och wéinst den Energie-Froen, net Prioritéit bei Google. Si hu Biissen nach ëmmer op hirer Agenda, mä net op der Prioritéitsagenda. Dat heescht, ech kann do näischt verspriechen. Mir wëssen, dass do Rendezvousen sinn, wéinst den Terrainen, dat wäert nächste Joer och kommen. Mä fir mech ass et elo scho mol en éischte Schratt, dee lo näischt mam Datazenter ze dinn huet, mä vun enger Presenz vu Google zu Lëtzebuerg, wat schonn eng éischt Etapp ass vun enger Bestätegung, oder soe mer enger vertrauensvoller Relatioun tëscht Lëtzebuerg an enger grousser Firma wéi Google.”

De Premierminister Xavier Bettel zum Thema Google-Datazenter.
Op der Wirtschaftsmissioun a Kalifornien hat de Premier Xavier Bettel en Treffe mat Google.

En Dossier mat laanger Geschicht

2016 gouf et éischt Kontakter tëscht der Regierung a Google. An d’Ëffentlechkeet koum den Dossier duerch eng Annonce vum Etienne Schneider am Juli 2017. An deem Joer huet Google d’Terrainen zu Biissen kaf. Am Januar 2019 huet d’Gemeng Biissen de PAG punktuell geännert, an esou de Wee fräi gemaach fir en Datenzenter um “Busbierg”. Am November 2019 krut RTL en Exklusiv-Interview mat Vertrieder vu Google zu Bréissel. Kuerz drop gouf et eng Biergerversammlung zu Biissen.

An de Méint duerno war de Biisser Datenzenter vu Google ëmmer nees Thema, Konkretes gouf een näischt gewuer.

Am “Memorandum of understanding” mat Google gouf festgehalen, dass bis spéitstens Ufank 2024 misst eng Baugeneemegung fir de Projet ugefrot hunn.

De Reportage vum Jeannot Ries vum November 2019

Google-Réckbléck
Ee Réckbléck doriwwer, wat sech bis elo a punkto Google-Datazenter-Lëtzebuerg gedoen huet.

Back to Top
CIM LOGO