
Am Mee hat den Hastert nach alles ofgestridden.
De fréiere staarke Mann vun de Republikaner steet ënner Verdacht 3,5 Milliounen iwwerwisen ze hunn, fir datt eng Persoun net mat Mëssbrauchsreprochë géint hien un d'Ëffentlechkeet geet. Den Dennis Hastert soll e Jonke während senger Zäit als Proff a Wrestlingcoach jorelaang mëssbraucht ze hunn. Dozou huet sech de Republikaner vun 73 Joer net positionéiert. Dëse Punkt stoung an der Geriichtsaffaire ëm déi hei geet och net zur Debatte.
De Parquet fuerdert 6 Méint Prisong. D'Uerteel gëtt den 29. Februar gesprach.