Dat Internationaalt Strofgeriicht zu Den Haag, huet dës Woch eng Enquête ordonnéiert, wéinst dem Verdacht op israelesch Krichsverbriechen an de Palestinensergebidder. Esou eng Enquête gouf méiglech duerch d'Decisioun vun der UNO am Joer 2012, d'Palestinenser als Staat unzëerkennen. An Israel schwätzt ee vun Hypokrisie an Antisemitismus. Och zu Lëtzebuerg vergeet kaum eng Woch, ouni datt Reprochë vun Antisemitismus formuléiert ginn. Dat a ville verschiddene Kontexter.
Den Dr. Christophe Oberlin aus Frankräich operéiert zanter 20 Joer am Schnëtt 3 Mol d’Joer als Chirurg an der Gazasträif Palestinenser mat schwéiere Krichsblessuren un den Hänn, Äerm oder Been. De CPJPO, de Comité fir e gerechte Fridden am Noen Osten, hat de Mann dës Woch fir eng Konferenz op Lëtzebuerg invitéiert, wuelwessend, dass de Medezinner der Hamas nosteet, déi an der EU als Terrororganisatioun klasséiert ass.
Fir de Rial, deen d’Zil huet, Antisemitismus ze denoncéieren, ass e Personnage wéi den Dr. Oberlin e Propagandist vun der Hamas. E Vertrieder oder Ageweiten an eng Organisatioun, déi d’Existenzrecht vun Israel a Fro stellt, dierft, an den Ae vum Rial, zu Lëtzebuerg net wëllkomm sinn, seet de Bernard Gottlieb vum Rial.
Et ass net déi éischte Kéier, dass de Comité pour une Paix Juste au Proche-Orient den Attacke vun der jüddescher Communautéit ausgesat ass. Op der anerer Säit gesäit een awer natierlech keng Ursaach, fir Zensur bei sech selwer, soulaang een am Kontext läit vun der Fräiheet, déi eege Meenung dierfen zum Ausdrock ze bréngen, esou den Henri Grün.
Parallel zum Klengkrich zu Lëtzebuerg leeft am Noen Osten en eeschte an déidleche Konflikt zanter méi wéi engem hallwe Joerhonnert. Et muss e gewësse Mooss vu Verdacht oder Beweiser ginn, soss hätt dat Internationaalt Strofgeriicht zu Den Haag keng Enquête ordonnéiert am Kontext vu méiglechen israelesche Krichsverbriechen an de palestinenseschen Territoiren.
Nawell zitt de Rietspopulist Benjamin Netanyahu ëmmer erëm dat selwecht, bal magescht Schlësselwuert “Antisemitismus” aus dem Tirang, mä et féiert ëmmer manner zum Enn vun all Argumentatioun, als dat et jo eigentlech als Vokabel geduecht war.