2. Chance no enger FailliteDen Droit d'établissement gëtt moderniséiert

RTL Lëtzebuerg
En Donneschdeg gouf an der Chamber e Gesetzesprojet gestëmmt, mat deem den Droit d'établissement ugepasst gëtt.
© pixabay

Et gëtt eng zweet Chance no enger Faillite agefouert. Zum Beispill wann ee Pech hat an e ganz wichtege Client ewech fält. Da soll een op en Neits eng Autorisation d’établissement kënne kréien. Wann een eng schlecht Gestioun gemaach huet, soll een a Coursë musse goen, fir eng nei Chance ze kréien. Bei enger Faillite “frauduleuse” gëtt et awer keng zweet Chance.

Mam neie Gesetz gëtt et och méi einfach fir en Handwierksbetrib z’iwwerhuelen. No 3 Joer soll e Salarié schonn déi Méiglechkeet hunn, aktuell sinn et 10 Joer.

Back to Top
CIM LOGO