70 Joer feiert den europäeschen Geriichtshaff um Kierchbierg: D’Cour de justice de l’Union européenne mat Sëtz zu Lëtzebuerg gouf 1952 gegrënnt. Hir Roll ass et, ze kontrolléieren, ob d’Akte vun den europäeschen Institutioune legal sinn, ob d’Memberlänner d’Obligatiounen, déi sech aus den Traitéen erginn, erfëllen an d’Cour interpretéiert och dat europäescht Recht op Demande vun nationale Geriichter.
De Geriichtshaff zielt 265 Memberen, iwwer 6.000 Leit schaffen do an d’Cour huet zanter der Kreatioun viru 70 Joer iwwer 42.000 Urteeler an Ordonnancë geholl.