
Dat krut d’Lëtzebuerger Wort vu sengem Affekot a vun der Justiz confirméiert. Zanter Oktober 2019 souz de Mann am Prisong.
Och den zweeten Ugekloten ass scho méi laang aus dem Prisong eraus.
Déi zwee Männer haten op der Hesper Gemeng 5,2 Milliounen Euro verontreit. Si riskéieren 8, respektiv fënnef an en halleft Joer Prisong. D’Hallschent dovunner op Sursis.
D’Urteel ass fir de 16. Mäerz geplangt.