De Weekend zu Munzen Den Haupeschmaart stoung dëst Joer ganz am Zeeche vun der Nohaltegkeet

RTL Lëtzebuerg
Nohalteg schaffen. Dat hunn se sech an der Robbesscheier zu Munzen op de Fändel geschriwwen.
Den Haupeschmaart ganz am Zeeche vun der Nohaltegkeet
Nohalteg schaffen. Dat hunn se sech an der Robbesscheier zu Munzen op de Fändel geschriwwen.

D’Robbesscheier huet eng Surface vu 6 Hektar. Vum nächste Joer un entsteet e grousse Projet hei. De Site soll nach méi energierentabel bedriwwe ginn. Hei gëtt et eng Zesummenaarbecht mam zoustännege Ministère. Regional a Saisonal. Zwee Begrëffer déi an der haiteger Zäit ëmmer méi u Wichtegkeet gewannen. De Gros vun den 110 Aussteller e Sonndeg um Haupeschmaart huelen sech dës Virsätz zu Häerzen. Dat zielt och fir d’Clienten.

Hausgemaache Wuere si ganz am Trend. Dat geet vu Nuddelen, iwwer Hunneg bis hin zu Gebeess. Et ass elo och d’Saison vum Knuewelek an den Ënnen.

Den Haupeschmaart zu Munzen gëtt all Joers zu Éiere vum Hellegen Hubertus organiséiert. Hien ass de Schutzpatréiner vun de Jeeër.

Och zu Bäerdref war de Weekend Haupeschmaart:

Back to Top
CIM LOGO