Wéinst WaasserschuedDen ILNAS um Belval ass bis op Weideres zou

RTL Lëtzebuerg
De Weekend war et an de Gebaier vum Lëtzebuerger Institut fir Normaliséierung, Akkreditatioun a Qualitéitssécherung um Belval zu engem Waasserschued komm.
© RTL

Wéi den Ekonomiesministère an den ILNAS an engem Schreiwes matdeelen, wieren d’Gebaier vum Institut schwéier beschiedegt ginn. Ausserdeem géif d’Telefonszentral vum ILNAS net méi funktionéieren. Den Institut wier awer iwwer Mail erreechbar.

D’Laboratoire vum ILNAS wieren net beschiedegt ginn.

Back to Top
CIM LOGO