
Dat ass, am Resumé, wat den Observatoire de l’habitat a sengem Bilan vun den dräi éischte Méint vum Joer festgehalen huet.
Tëscht Ufank Januar an Enn Mäerz goufe just hallef esou vill Appartementer verkaaft wéi an den éischten 3 Méint zejoert. A Chiffere sinn dëst 822 Wunnengen. Esouguer wärend der Finanzkris 2009 hunn 31 Appartementer méi de Besëtzer gewiesselt. Am Verglach zum Beispill goufen 2019 virun der Covid-Kris nach 1.658 Appartementer verkaaft.
D’selwecht ondynamesch gesäit de Marché bei der Vente vun Haiser aus. Hei goufen am éischten Trimester mat 414 Haiser 42,9 Prozent manner verkaaft wéi an der Referenzperiod zejoert.
Weider huet den Observatoire de l’habitat da festgestallt, dass bestoend Appartementer ëm 0,4 Prozent méi deier gi sinn. Déi Wunnengen am Bau sinn dogéint ëm dee selwechten Taux méi bëlleg ginn. Haiser sinn dann am Ufank vum Joer um Marché 4,3 Prozent manner wäert gewiescht wéi ufanks zejoert. Dobäi géing et sech op ee Joer gekuckt ëm déi éischt Baisse vun den Immobiliëpräisser zanter 2009 handelen. Wéi schonn erwäänt, dem Joer vun der Finanzkris.
Däitlech gëtt de Réckgang vun de Präisser um Immobiliëmarché, wann een d’Period vu Januar bis Mäerz, mat där vun Oktober bis Dezember zejoert vergläicht. Fäerdeg Appartementer sinn ëm 2,6 Prozent méi bëlleg ginn, déi am Bau ëm 6,2 Prozent. D’Haiser hunn zanter Enn 2022 4,2 Prozent vun hirem Wäert verluer. De Réckgang bei der Aktivitéit ëm de Verkaf vun Appartementer am Bau gëtt sech duerch d’Hausse vun den Zënsen an eng méiglech Onsécherheet bei de Präisser erkläert.
D’Verkafspräisser gi generell erof, d’Loyerspräisser fir Appartementer dogéint erop. Am éischten Trimester muss een, deen en Appartement wëll lounen, am Schnëtt 2,6 Prozent méi bezuele wéi am éischten Trimester zejoert. Op 1 Joer gekuckt, muss een 11,1 Prozent méi op den Dësch leeën.