
Des waren de 27. Februar zejoert annoncéiert ginn. Schonn deemools hätt den LCGB eng Tripartite gefuerdert, huet et en Donneschdeg an engem Communiqué geheescht, fir déi genee Intentioune vun dësem Plang gewuer ze ginn.
Wéi et heescht, hätt ee sech no der Reunioun vun en Donneschdeg a sengen Ängschte confirméiert gefillt, dass dëse faméise Restrukturéierungsplang considerabel Inzidenzen op d'Aarbechtsplazen hätt. Am ganze wieren 216 Plaze viséiert, dat iwwert déi nächst fënnef Joer. Et soll sech ëm natierlech Departen handelen, deemno ouni Begleetmesuren.
Den LCGB betount a sengem Communiqué, dass ee mat enger hannerlëschteger a geféierlecher Manéier ze dinn hätt, wéi d'Direktioun vun ArcelorMittal hei zu Lëtzebuerg virgeet. Et ass den Appell un de Stolproduzent an un den Aarbechtsminister, hir Responsabilitéiten ze iwwerhuelen a sech zesumme mat de Gewerkschaften un een Dësch ze setzen, fir ee modernen Tripartitesaccord auszeschaffen, deen den aktuellen ekonomeschen Exigenze Rechnung dréint an dofir suergt, dass d'Lëtzebuerger Siderurgie kann iwwerliewen.
De Sozialdialog misst respektéiert ginn, sou nach d'Fuerderung vum LCGB.