Aktiounsplang gefuerdertDen LCGB léisst net labber beim Sujet "Manktem u Medikamenter"

RTL Lëtzebuerg
Trotz Kritik vun der Gewerkschaft a Professionellen hätt d'Regierung Näischt ënnerholl.

An engem Communiqué um Dënschdeg de Mueren gëtt elo en nationalen Aktiounsplang gefuerdert. Sou solle Lëschte gemaach gi vu Medikamenter, déi reegelméisseg knapp ginn.

Eng national Reserve misst opgebaut ginn an en exzeptionelle Remboursement agefouert ginn, fir Medikamenter, déi an Apdikten an der Groussregioun kaaft ginn.

Parallel zu dësen kuerzfristege Mesurë misst d’Regierung och op europäeschem Niveau intervenéieren. Ënnert anerem, fir datt nees méi Medikamenter an Europa produzéiert ginn.

Back to Top
CIM LOGO