Käschtepunkt 821 Milliounen EuroDen neien CHL gëtt Enn 2028 fäerdeg

Annick Goerens
En Donneschdeg gouf den 1. Stee geluecht vum neie Spidol "CHL Centre" op der Areler Strooss.
En Donneschdeg gouf den 1. Steen geluecht vum neie Spidol "CHL Centre"
De Centre hospitalier du Luxembourg kritt eng komplett nei Struktur.

De Centre hospitalier du Luxembourg kritt eng komplett nei Struktur. Iwwer 54.000 Quadratmeter, 9 Etagen iwwer dem Buedem, 3 am Sous-sol, 18 OP-Säll, 6 Säll fir Endoskopien an 2 Heliporten.

CHL Neit Spidol / Reportage Annick Goerens

Am Fong geet et drëm, fir all déi wichteg Spidolsservicer op engem Site ze regroupéieren. Aktuell ginn et nämlech zwou verschidde Plazen: den CHL op der Areler Strooss, wou och den INCCI ass, also den nationalen Institut fir d’Chirurgie cardiaque, an den CHL zu Eech. An Zukunft kënnt also alles op de Site vun der aler Maternité op der Areler Strooss. Wat geschitt duerno mat deenen anere Gebaier?

Dat aalt Spidol gëtt desaffektéiert, dat ass ganz sécher. Dat Aalt wäert at the end of the day iergendwann eng Kéier ofgerappt ginn. Wat mir jo hei maachen, ass puzzelen. Fir d’éischt baue mer eppes Neies, da rappe mer eppes of, da kréien mer nees Plaz a kënnen nees eppes Neies bauen, well mir hu jo och e Projet vun enger neier Kannerklinik. An da musse mer just kucken, déi Emplacementer, déi fräiginn, dann nees ze benotzen.”, erkläert de Paul Mousel, de President vum CHL-Verwaltungsrot.

Den neien CHL gëtt Enn 2028 fäerdeg (Animatioun)
An dëser Animatioun gesäit een, wéi d’Gebai soll ausgesinn.

Et gëtt dat bis ewell modernst an technesch innovatiivst Spidol an der Groussregioun, erkläert de Generaldirekter Romain Nati.

"Etass elo emol haaptsächlech esou, dass mer vill besser kënnen d’Fluxen trennen tëscht ambulanten a stationäre Patienten, wéi am ale Gebai. Fir den Dokter ass et esou, dass hie souwuel seng ambulant wéi och seng stationär Tätegkeet kann op enger Plaz maachen. Den Austausch vun den interdisziplinären Ekippe wäert och vereinfacht ginn. An d’Professionnels de santé wäerten dat modernst Gerät hunn, fir hir Patienten en charge ze huelen. Wéi zum Beispill e PET-IRM an een IRM am OP, fir wärend der Operatioun kënnen IRM-Biller ze maachen. Dat ass eppes, wat een am direkten Ëmkrees net esou fanne wäert.

Wärend der Ausschaffung vum neie Spidol war och de Grand-Duché matzen an enger Pandemie an dat hat och en Afloss op d’Konzeptioun vum Gebai, erkläert den Architekt Jos Dell.

An deem Sënn, dass verschidde Saachen anescht geplangt hu misse ginn, awer nëmme beschränkt geplangt gi sinn. Et ass virgeduecht gi fir zukünfteg Pandemien och, dass e Konzept Pandemie mat dran ass. Et ass virun allem, wann ee wëll, dass verschidden Zone kënnen ofgetrennt gi mat Dieren, wou ee seet, hei ass ee Beräich, deen duerno sécher ass. Et geet virun allem drëm, wéi ee Fluxen am Gebai trennt, wann eng Pandemie do ass.

Den neien CHL Centre soll Enn 2028 fäerdeg ginn. Am ganzen huet d’Spidol duerno 476 Better, dovunner 79% an Eenzel-Zëmmeren. An 126 Plazen am Hôpital de jour, also fir ambulant Traitementer.

Käschtepunkt vum neie Spidol sinn iwwregens 821 Milliounen Euro, dovunner bal 100 Millioune fir modernt medezinescht Material.

PDF: Offiziellt Schreiwes

Back to Top
CIM LOGO