Op engem Ament, wou d'Prisonge vu Schraasseg an Uerschterhaff quasi voll sinn respektiv am Summer esouguer iwwerfëllt waren. Wat d'Ombudsman Claudine Konsbruck, déi zoustänneg fir d'Kontroll vun de Prisongen ass, als Invité um Radio bestätegt huet. Eng Situatioun, wou sech spontan d'Fro stellt, ob den Asaz vun der elektronescher Fessel net dozou bäidroe kéint, déi Situatioun z'entspanen.
Enn 2006 koum d'elektronesch Fessel eng éischt Kéier hei zu Lëtzebuerg am Kader vun enger Test-Phase an den Asaz. ‘"Eng Faveur, vun där eng Persoun profitéiert," esou d'Ministesch Elisabeth Margue, déi vu Beruff Affekotin ass.
"Et ass jo awer manner contraignant, wéi am Prisong ze sinn, wou ee guer net eraus kann, ausser et wär ee lo am CPG eeben zu Giwenech. Mä d'Iddi ass jo am Fong geholl, fir där Persoun och ze erlaben, eng gewëss Stabilitéit an hirem Liewen ze garantéieren. Der Persoun och ze erlaben, sech duerno kënnen erëm méi einfach ze reintegréieren. Dat heescht, et huet en Avantage fir d'Persoun, ganz kloer, mee d'Behuelen an de Profil vun der Persoun mussen et awer hier ginn. ‘’
D'Strof oder d'Rescht-Strof muss manner wéi 3 Joer laang sinn. D'Persoun muss Resident sinn an et däerf keng Fluchtgefor bestoen. Se muss schaffen, eng Formatioun maachen respektiv och medezinesch oder familiär Grënn kënne spillen. Déi alternativ Aart a Weis eng Strof ofzesetzen, ass u streng Konditioune gebonnen.
‘’ A verschidde Länner si Reforme gemaach ginn, fir de Bracelet électronique méi einfach ze maachen, fir de Prisong ze entlaaschten. Ech denken net, datt onbedéngt hei elo muss un de Konditioune gefréckelt ginn, well mer schlussendlech awer jo musse gewësse Garantien och hunn, wa mer eng Persoun ënner Foussfessel setzen. Mä et geet haaptsächlech drëm eeben ze kucken, ass et an deem dote Fall eng gutt Léisung an da gëtt et och gemaach. Mä dat ass, wéi gesot, dem Parquet seng Decisioun. ‘’ sou d’Ministesch.
Argumenter, déi eng Erklärung sinn, dat d'lescht Joer zum Beispill just a 27 Fäll, d'Justiz direkt eng Foussfessel zougesprach huet. Wat Ufroen, déi vu verurteelte Persounen ausgoungen, ubelaangt, sou goufen do der nëmmen 3 vun 21 ugeholl. Um Enn vun enger Enquête-Sociale an enger technescher Enquête.
"Wat wichteg ass ze wëssen, ass datt beim Bracelet électronique, nämlech dee vun der Radiofrequenz, am Fong geholl en Dispositif doheem en Place gesat gëtt. An datt eigentlech gekuckt gëtt: ass déi Persoun zu deenen Auerzäiten, wou se soll doheem sinn, doheem? Et ass kee GPS-Bracelet am Moment am Ëmlaf, wou wierklech all Mouvement géif retracéiert ginn."
Dat erkläert och, firwat d'elektronesch Fessel net a Fäll vun Haislecher Gewalt agesat gëtt.
Bis elo koum d’Foussfessel nach ni am Kader vun der Untersuchungshaft zum Asaz.
"Vue datt d'Konditioune vun der Detention préventive eeben déi sinn, datt eng Persoun riskéiert fortzelafen oder datt se riskéiert, Preuven ze obskuerziséieren, kann een natierlech soen, datt dat sech e bësse bäisst mat de Konditioune vun der Foussfessel. ‘’ sou d’Elisabeth Margue.
Generell wier d'elektronesch Fessel eng positiv Mesure, well se d'Reinsertioun méi einfach mécht, e gemësst Familljeliewe vereinfacht, sou d'Ministesch. D'lescht Joer gouf se awer och a 4 Fäll zeréckgezunn. Wou d'Persoun huet missen zeréck an de Prisong.