
D’Direktioun géing dem Fuerderungs-Katalog vum Salariat net nokommen.
Trotz excellente finanzielle Resultater géif Coca Cola blockéieren, woubäi et leider net méiglech wier, Geneeës iwwer déi Lëtzebuerger Situatioun gewuer ze ginn. Do géif et un Transparenz feelen, monéiert den OGBL.
68 Leit schaffe bei Coca Cola Lëtzebuerg. D’Gewerkschaft mécht en Appell un d’Direktioun, fir e konstruktiven Dialog op d’Been ze stellen, fir esou de Gang op d’Conciliatioun ze evitéieren.