"Deng Zukunft-Däi Wee"Den SNJ wëll Jonker der Lëtzebuerger Aarbechtswelt méi nobréngen

RTL Lëtzebuerg
Net just Schüler a Schülerinne sollen hir Méiglechkeeten um Aarbechtsmarché kennen. Och Volontairen a Leit an der Ausbildung solle sech informéiere kënnen.
"Deng Zukunft - Däi Wee"
Den SNJ huet um Mëttwoch jonk Leit op d’Cloche d’Or an de Shopping Center invitéiert, fir dësen een éischte Kontakt mat der Aarbechtswelt ze erméiglechen.

“Deng Zukunft–Däi Wee”. E Mëttwoch huet de SNJ zesumme mam Point Info Jeunes Esch am Kader vun dësem Projet jonk Leit an de Shoppingzenter op d’Cloche d’Or invitéiert. Zil war een éischten Austausch mat potentielle Patronen. Donieft goufe bei den eenzele Stänn déi vill Méiglechkeete presentéiert, déi et zu Lëtzebuerg gëtt. Et ware 60 verschidden Informatiounsstänn. Nieft der Lëtzebuerger Police an Arméi waren d’Croix Rouge, mee och eng Partie méi kleng Entreprisen op der Plaz. Et gouf och eng Partie Workshoppe mat éischten Ablécker an d’Praxis. Fir déi Jonk war et
eng gutt Geleeënheet, fir Froen ze stellen, sech ze informéieren an esou en éischten Androck vun der Aarbechtswelt ze kréien.

Ech hunn alt bis elo just mat der Police geschwat, well ech alt eppes an där Richtung wëll maachen. Dat heescht, si hu mer och meng Froe gutt beäntwert, déi ech fir si hat. A soss kann ech alt nach e bësse kucken, wat fir aner Optiounen et gëtt, falls dat alt net dee Wee ass, deen ech wëll goen, esou d’Schülerin Marie Schmitt.

Mam Slogan “Jonker staark maachen” war och den SNJ op der Plaz. De Service national de la Jeunesse huet sech dobäi net nëmmen u Schüler a Schülerinne geriicht. Och Volontairen a Leit an der Ausbildung konnten hei Kontakter
knäppen.

Jo et ass genau dat. Mir wollten eis och e bëssen ënnerscheeden zu anere Foiren, déi et scho ginn. Engersäits ebe mam Public Cible wéi mer well gesot hunn. Net all Jonken ass nach an der Schoul. An der Schoul ginn et vill sou Evenementer, wou Jonker sech kënnen orientéieren, mee et sinn awer och Jonker, déi op der Sich sinn no enger Aarbecht oder op der Sich no enger Formatioun. Dat heescht, mir wenden eis och un déi. A mir wollten hinnen awer och weisen: Du léiers net nëmmen eppes bäi an engem Job oder an enger Formatioun, mee du kanns dech zum Beispill och Benevole engagéieren, als Volontaire engagéieren an do eben och Saache kenneléieren an entdecken, seet d’Directrice Adjointe vum SNJ Nathalie Schirtz.

De Projet ass och eng gutt Méiglechkeet, spezifesch de Lëtzebuerger Aarbechtsmarché kennen ze léieren. Och de Volontaire Lux Naël war op der Plaz, fir sech ee Bild vu senge Méiglechkeeten ze maachen.

En fait je fais un volontariat avec le SNJ. Et donc on nous propose de venir ici pour se renseigner sur ce qu’on veut faire l’année prochaine ensuite comme études. Et donc je suis venu un peu pour me renseigner sur les différentes opportunités au Luxembourg en termes d’études et de travail.

De Service national de la Jeunesse wëll mam Projet “Deng Zukunft – Däi Wee” déi Jonk der Aarbechtswelt méi no bréngen. Een definitive Choix mussen si hei jo och nach net treffen. Dat ganzt ass eng Plattform fir den Echange tëscht Interesséierten a Patronen z’erméiglechen. Duerch de fréie Kontakt soll d’Diversitéit vun de verschiddenen Aarbechtsfelder zu Lëtzebuerg bekannt an ausgebaut ginn.

RTL NEWS: Infobourse soll Jonke bei berufflecher Orientéierung hëllefen

Back to Top
CIM LOGO