"Deng Zukunft – däi Wee"Infobourse soll Jonke bei berufflecher Orientéierung hëllefen

RTL Lëtzebuerg
Iwwer 1.000 Jonker an hier Eltere sinn um Mëttwoch op d'Cloche d'Or komm an hu sech op 60 Stänn informéiert. Organiséiert gouf d'Infobourse vum SNJ.
© Archiv

Infobourse fir Jonker

D’Infobourse riicht sech u Jonker tëschent 15 an 30 Joer, déi sech no engem éischte Job ëmkucke wëllen, berufflech ëmorientéiere wëllen oder sech einfach informéiere wëlle wat d‘Beruffswelt sou ze bidden huet, wéi eis Jonker um RTL-Mikro erzielt hunn:
„Allgemeng wéilt ech mol Beräicher kenneléieren. Also mol wësse wat een iwwerhaapt alles maache kann. Et si vill Jugendlecher déi mol keng Anung hunn a sech deck Gedanke maachen. U sech ginn et vill Saachen, déi si einfach net wëssen an dowéinst fannen ech dat do eng zimmlech interessant Saach.”

„Ech sinn zum gréissten Deel hei gewiescht, fir ze kucke wat ech no der Schoul maache géing och bei der Ecole nationale pour adultes selwer, wou ech fir hunn an d’Schoul ze goen... et si vill gutt Servicer hei, net alles gefält mer, awer puer Saache schonn, zemools déi Saache wou ee sech weiderbilde kann a Formatioune maache kann.”

„Ech sinn halt interesséiert u verschiddene Sparten a wann aner Saache mer an d’Aen falen, da ginn ech do och nofroen.”

D’Infobourse kënnt awer och bei de Betriber a Verbänn gutt un, déi den direkte Kontakt mat de jonke Leit schätzen. Sou och de Sebastien Steffes, Member vu “Jonk Handwierk Lëtzebuerg":
„De Projet gëtt et jo schonn e puer Joer. Ech mengen et ass bestëmmt ee Succès do. Generell ass de Manque de main d’oeuvre am Handwierk immens ze spieren, sief dat lo bei Jonken oder net sou Jonke probéiere mer Dieren sou opzemaachen, och fir Quereinsteiger grad esou wéi fir Jonker, déi eben hiert Gléck am Handwierk wëlle fannen.”

Änlech gesäit et och de Steve Gommes, Chargé de Recrutement et de Formation vum CHL. Allgemeng wier den Interessi grouss gewiescht:
„Majo si hu sech immens interesséiert fir verschidde Beruffer, sief et elo Infirmier oder och Dokter oder administrativ an technesch Beruffer. Ech fanne si sinn immens motivéiert, et ass Vakanz a si sinn awer komm, dat heescht si sinn immens interesséiert a wëlleg och eng Léierplaz, e Stage oder e Beruff ze fanne fir d’Zukunft.”

Nieft Stänn vu Betriber a Verbänn, waren och Associatiounen do, fir kënnen e Volontariat ze maachen. Et wier eng gutt Geleeënheet fir Erfarungen ze sammelen a sech selwer kënne besser kennenzeléieren, sou nach d‘ Isabelle Mariutto vum Service National de la Jeunesse.

Back to Top
CIM LOGO