Toxikomane kréien domadder eng zweet Ulafstell hei am Land. Erwaart gi sech tëscht 30 bis 40 Leit den Dag.
Muss een domadder rechnen, datt et wéi zu Bouneweg wäert ausgesinn, wann tëscht der KuFa an dem Cactus zu Esch d’Diere vu Contact Esch opginn? "Nee", seet de Jean-Nico Pierre. Den Direkter vu Jugend- an Drogenhëllef seet: "Deen Terme Fixerstuff, deen hu mir wierklech guer net gär." Zu Esch wier et eng oppen Zeen, mat sëllechen Hotspots. Toxikomanen hunn zu Esch bal ëmmer en Daach iwwert dem Kapp, besuerge sech hir Drogen, mä consomméiere se op diverse Plaze wéi hei an der Géigend vum Abridsud oder ënnert dem Viaduc.
"Wat mir hei maachen, dat ass en Drogen-Konsumraum, dee superviséiert gëtt vu geschoultem Personal", sou de Jean-Nico Pierre. Et géing gekuckt ginn, datt déi Leit an hygienesch ganz gudde Konditioune kënnen hir Drogen huelen "an datt mir se kënnen an der Gesellschaft halen".
Am Haus tëscht der KuFa an dem Supermarché kommen d‘Büroen, hannendrun d’Consommatiounsraim, wou och Sprëtze verdeelt ginn. Op d’Fro, ob et net ëmständlech fir d’Awunner an der Géigend kéint ginn, äntwert den Direkter vu Jugend- an Drogenhëllef: "mir kënnen näischt garantéieren". Allerdéngs géing et intern Reegele ginn, well d’Toxikomanen zwar Rechter hunn, mä och Flichten. Donieft géingen zwee Sécherheetsleit wärend den Ouvertureszäiten op der Plaz sinn.
De Jean-Nico Pierre geet och dovunner aus, datt d’Leit eenzel an de Contact Esch kommen an am Géigesaz zu Bouneweg souwisou net genuch Plaz virun dem Haus ass, fir datt Lager entstinn.
Idealerweis kréich d’Land nach nieft Esch a Bouneweg nach zwee weider Raim, fir ze consomméieren. Idealerweis kréichen d’Toxikomanen op deene Plazen och Ersatz fir Heroin, fir net de Knascht vun der Strooss ze consomméieren, wat am Moment net de Fall ass. Repressioun iwwregens huet néierens fonctionnéiert, erënnert de Jean-Nico Pierre. Wichteg ass eben dowéinst… Kontakt.