
Et ass e bëssen eng aner Welt beim Rond-point Raemerich. Modern Gebaier an deene virun allem och den HE:AL sech néiergelooss huet, den “Health and Lifescience Innovation Campus”, deen eng dreiwend Kraaft am Beräich Biotechnologie hei am Land ass.
De Grondstee fir een Top-Gesondheetssecteur gouf virun enger Dose Jore geluecht. Dem Wirtschaftsminister Franz Fayot no wier dësen och e wichtegt Element bei der Diversifikatioun vun der Lëtzebuerger Wirtschaft.
“Et ass engersäits ee wichtege Secteur, fir eng besser Santé opzebauen. Eng Santé, déi vill méi staark mat Date wäert funktionéieren. Dat wësse mir, dat ass weltwäit een Trend: Digitalisatioun, Verschaffe vun Daten, fir eng méi personaliséiert Santé ze kréien, eng präventiv Santé, wou ee virbeugt amplaz, dass een dono muss d’Leit reaktiv soignéieren, wat oft ganz vill kascht. Dat ass een Trend, deen et gëtt an op dee mir wëlle setzen.”
Haut scho schaffe bal 2.000 Leit an engen 140 Betriber an deem Beräich. D’Proximitéit zum neie Südspidol an der Uni um Belval ass keen Zoufall. Zu Esch a ronderëm begéine sech déi verschiddenst Acteuren aus der Santé, fir sech auszetauschen an z’inspiréieren. Et ass fir de Franz Fayot ee Paradebeispill fir eng Partnerschaft tëscht dem ëffentlechem an dem private Secteur.
Aus dem Uelzechtdall am Süde vum Land soll nom Virbild vum Silicon Valley eng Health Valley, also ee Gesondheetsdall ginn.