Weltdag géint den TubakDen Undeel u Fëmmerten zu Lëtzebuerg klëmmt, virun allem ënnert de Jonken

Jean-Marc Sturm
De Weltdag géint den Tubak gouf 1987 vun der Weltgesondheetsorganisatioun an d'Liewe geruff, an de Sujet ass haut nach aktuell.

Vun de ronn 8 Milliarde Mënschen op der Welt fëmmen nämlech ronn 12 Prozent. Bei deenen, déi méi al ewéi 15 Joer sinn, fëmmen der ronn 20 Prozent. Sou op d’mannst d’Aschätzung vun der WHO.

Obwuel den Tubakskonsum weltwäit zeréckgeet, klëmmt en op verschiddene Plazen. Dat zum Beispill besonnesch a China, respektiv a ganz Asien. Dëst obwuel den Tubak un éischter Stell steet vun de Krankheetsausléiser, déi ee kéint evitéieren. All 4 Sekonne stierft eng Persoun un de Suitte vum Fëmmen.

Hei zu Lëtzebuerg hëlt den Undeel u Fëmmerten nees zou, virun allem ënnert de Jonken. 37% vun den Awunner am Alter tëscht 18 a 34 Joer fëmme méi oder manner reegelméisseg. E-Zigretten hunn och u Beléiftheet gewonnen. Do huet sech d’Zuel vun den Notzer an de leschte Jore bal verduebelt, dat bedauert d’Lucienne Thommes, Directrice vun der Fondation Cancer.

Extrait Lucienne Thommes

Enn Abrëll gouf jo am Regierungsrot decidéiert, dass de Präis vun den Zigaretten ëm 20 Cent pro Pak klamme soll.

Präisser bei eisen Noperen
Op déi rezent decidéiert Präis-Hausse vun 20 Cent um 20er-Pak déi Jonk vum Fëmmen ofhält, bleift ofzewaarden. Bei de Frontaliere kann een op deem Plang skeptesch sinn.

An der Äntwert vun der Finanzministesch Yuriko Backes op eng parlamentaresch Fro vum Mars Di Bartolomeo gëtt ee gewuer, dass och no der Hausse d’Differenz mat den Nopeschlänner grouss bleift.

Beispill de Pak mat 20 Zigaretten: dee bleift nach 40 Cent méi bëlleg wéi an Däitschland, am Verglach mat der Belsch sinn et 2,40€, an esou guer 5,60€ géintiwwer Frankräich.

Back to Top
CIM LOGO