
Dës Charge gëtt och nach net esou séier definitiv vun engem Aneren iwwerholl, mee lo mol am “faisant fonction": Den Yves Arend, deen zanter engem Joer Direkter vum Bureau vun der Madamm Backes war, iwwerhëlt am Interim d’Tâchen vum Hofmarschall.
Den entspriechenden Arrêté grand-ducal gouf um Dënschdeg am Memorial publizéiert.
Den Yves Arend huet ënner anerem am Ausseministère geschafft a war 2007 zu Klierf deemools de jéngste
Buergermeeschter vum Land. Hie war fir d’CSV mat an d’Walen gaangen.
Den Direktiounscomité vun der Maison du Grand-Duc, déi et eréischt zanter Hierscht 2020 gëtt, steet deemno vu lo un ënnert dem Virsëtz vum Yves Arend.
Weider Membere sinn de Marc Baltes als Conseiller vum Grand-Duc, de Gilio Fonck, Responsabel fir d’Personal an d’Finanzen an dem Robert Kohnen, verantwortlech fir d’Sécherheet an d’Organisatioun.