Obwuel et net méi erlaabt assD’Enseignantë loossen d’Kanner am Fondamental nach ëmmer duerchfalen

Claude Zeimetz
En neie Rapport vum Observatoire national de l'enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire weist, wou Schwaachstellen am schoulesche Parcours sinn.
© JC MILHET Hans Lucas via AFP

Datt de Lëtzebuerger Schoulsystem et net fäerdeg bréngt, fir Ongläichheeten aus dem Wee ze raumen ass keen neie Constat. Zanter Joerzéngte bäisse sech Lëtzebuerger Bildungsministeren d’Zänn drun aus, fir alle Kanner hei am Land déi selwecht Chancen ze ginn a se beschtméiglech op hirem schoulesche Parcours ze guidéieren. Elo weist en neie Rapport vum sougenannten Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire wou Schwaachstellen am schoulesche Parcours sinn a wat een hirer Meenung no dogéint maache misst.

En neie Rapport vum Observatoire national de l’enfance - Reportage C. Zeimetz

Et ass wéi gesot elo keng Nouvelle, mä dëse Rapport weist op en neits, datt d’Ongläichheeten am Lëtzebuerger Schoulsystem scho ganz fréi zementéiert ginn. An dat souguer schonn an den éischte Liewensjoren, nach ier déi Kleng iwwerhaapt mol an d’Reegelschoul ginn. Huele mer de Precoce, fir Kanner vun dräi Joer un, deen ass jo net obligatoresch, mä bitt eng gutt Méiglechkeet, fir eng éischte Kéier mat der Schoul a virun allem och fir déi vill Net-Lëtzebuerger mat der Lëtzebuerger Sprooch a Kontakt ze kommen. Zanter Jore gi 75% vun de Kanner an de Precoce, dat sinn der jo vill, mä den Undeel vu Lëtzebuerger a frankophone Kanner an allgemeng Kanne,r déi aus engem räiche Milieu kommen, iwwerweit awer largement. Dogéint si portugisesch Jongen a Meedercher systematesch ënnerrepresentéiert. D’Zil also, fir grad Kanner aus engem defavoriséierte Milieu unzezéien, gëtt domadder net areecht.

Wéi kéint een dat dann änneren?

Ma den Observatoire national de l’enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire proposéiert, fir emol eng Ëmfro ze maachen, firwat déi eng Familljen hir Kanner léiwer an eng Crèche ginn oder doheem versuergen, wéi se an de Precoce ze schécken. An dann d’Offer sou upassen, datt se méi Leit usprécht. Ganz konkret schléit den Observatoire dann och vir, datt an Zukunft all Kand automatesch géif an de Precoce ageschriwwe ginn. Elteren, déi dat net wëllen, missten hiert Kand dann aktiv ofmellen. An Däitschland gëtt et zum Beispill fir d’Kita sou gemaach.

Allgemeng wier et wichteg, fir sou fréi wéi méiglech de Kanner an hiren Elteren en intensiven an individuellen Accompagnement ze ginn, wa Problemer an der Schoul optauchen, sou eng weider Recommandatioun

An do geet et bei deene Klenge ganz vill ëm d’Sprooch jo. D’Sproochepolitik am Cycle 1 also der Spillschoul misst op de Leescht geholl ginn. A virun allem missten déi concernéiert Famillje fréi en charge geholl ginn. Datt dat bis elo net klappt, weist d’Tatsaach, datt et zanter Joren déi selwecht Profiller vu Kanner sinn, déi tendenziell éischter an de Régime Preparatoire orientéiert ginn, also duerno e manner héijen Ofschloss hunn. Fir konkret ze sinn: haaptsächlech Jongen aus engem defavoriséierte Milieu, déi doheem portugisesch schwätzen an op d’mannst eemol redoubléiert hunn am Fondamental.

De Redoublement, dat ass een anert interessant Stéchwuert

Jo, do stellt den Observatoire nämlech eppes a sengem Rapport fest, wat een duerchaus iwwerrasche kann. Nämlech, datt sech eng ganz Partie vun de Schoulmeeschteren a Léierinnen an der Grondschoul net un d’Schoulgesetz hale géifen. D’Kanner géifen nach ëmmer reegelrecht redoubléieren, amplaz hinnen, wéi et am Gesetz u sech zanter 2009 virgeschriwwen ass, e sougenannten “allongement de cycle” ze proposéieren. Dat wier net nëmmen géint d’Gesetz, mä och net am Interessi vum Kand, wat d’Sëtzebleiwen als Strof erliewe géif. D’Regionaldirektere missten do méi systematesch kontrolléieren, sou den Appell.

Op der anerer Säit sollten dann awer och d’Promotiounscritèren an den ënneschte Klasse vum Enseigmenent secondaire général iwwerkuckt ginn. Den Ament ass et sou, datt een net méi op 7e a 6e am Général duerchfale kann. Proffen a Gewerkschafte kritiséieren déi automatesch Promotioun scho laang. Doduerch géif de Problem nämlech op just déi Klass duerno reportéiert. An effektiv op 5e bleift den Ament carrement ee Véierel vun de Schüler a Schülerinne sëtzen. Do klappt also eppes net. Déi betraffe Kanner schéngen am Ufank vum Lycée net deen enke Suivi kritt ze hunn, dee se brauchen. A Form vun engem individuellen Tutorat zum Beispill. Dat ass och keng nei Iddi. Si gouf bis elo just nach net iwwerall sou ëmgesat. Obwuel méi en enken Encadrement grad am General an an der Formation professionelle néideg wieren, do wou tendenziell déi meescht Jonker duerchfalen. Bei eis géif éischter awer nach de Motto “wait to fail” gëllen. Also waarden, bis een en Echec huet an da gëtt réischt reagéiert.

De komplette Rapport vum Observatoire national de l'enfance, de la jeunesse et de la qualité scolaire

Back to Top
CIM LOGO