Nationale Stabilitéits-, Wuesstems- a ReformprogrammDeputéiert konnten um Donneschdeg de Moie reagéieren

Diana Hoffmann
Den nationale Stabilitéits- a Wuesstemsprogramm wéi och den nationale Reformprogramm goufen en Donneschdeg presentéiert.
© RTL Archivbild

En Donneschdeg de Moien hunn d’Deputéiert d’Méiglechkeet drop ze reagéieren. De CSV-Co-Fraktiounspresident Gilles Roth, wéi och den ADR-Deputéierte Fernand Kartheiser bedaueren, datt d’Regierung vun engem Etat de la Nation an dëse schwieregen Zäiten ofgesinn huet.

Et wier ze vill BlingBling-Politik gemaach ginn an d’Krisen, déi eist Land treffen, wieren net genuch ugaange ginn, sou de Gilles Roth. Suerge mécht hie sech ënner anerem ëm d’Generatiounegerechtegkeet, notamment de Finanzement vum Pensiounssystem. E Sujet, deen och d’LSAP opgegraff huet. D’Co-Parteipresidentin Francine Closener seet, et wéilt een net aus der Hëft schéissen, mee et missten hei nei Sourcë fonnt ginn.

Den DP-Deputéierten André Bauler betount, datt et a Krisenzäite generell net onbedéngt raisonnabel wier, nei ze verdeelen, well ee misst eng virsiichteg Budgetspolitik maachen. De gréngen Deputéierte François Benoy ass dann der Meenung, et wier wichteg, d’Investitiounen och an onsécheren Zäiten héich ze halen. Dem Nathalie Oberweis vun Déi Lénk feelt et u gréisseren neie Projeten. Si fënnt, datt bei der Regierung d’Loft eraus ass.

An der Chamber: Finanzministesch huet den nationale Stabilitéitspak virgestallt

Back to Top
CIM LOGO