
E Mëttwoch de Mëtteg gouf de Stabilitéitspak an der Chamber presentéiert. Wärend 2021 éischter e positiivt Joer war, huet sech den Trend duerch de Krich an der Ukrain fir dëst Joer erëm komplett gedréint.
D’lescht Joer wier vun enger staarker Reprise gepräägt gewiescht, mat enger Hausse vu 7% vum PIB. Dëst Joer gesäit de Statec eng däitlech Verschlechterung huet d’DP-Finanzministesch ënnerstrach: “Eigentlech war een nach vun engem Wuesstem vun 3,5% ausgaangen. Elo schreift de Statec seng Previsiounen op 1,4% erof. 2023 géif de PIB erëm 2,9% wuessen a sech dann déi nächst Joren op engem änlechen Niveau halen” D’Yuriko Backes huet betount, datt Lëtzebuerg déi zweetniddregst Staatsschold an Europa huet an déi hätt een och progressiv erof kënne fueren, wann de Krich an der Ukrain net ausgebrach wier: “Ons Staatsschold wäert d’nächst Joer bei 20,8 Milliarden Euro leien a bis 2026 op 23,7 Milliarden eropgoen. Dobäi dierf een awer net vergiessen, datt eis Wirtschaftsleeschtung all Joer klëmmt op iwwer 90 Milliarden am Joer 2026, laut Statec. Sou datt par Rapport zum PIB d’Staatsschold sech iwwert déi ganz Period ronderëm 20% stabiliséiere wäert.”
Domat géif ee wäit ënnert de 60% leien, déi an den europäeschen Texter virgesi wieren an och ënnert de 40%, déi am Lëtzebuerger Regierungsprogramm festgehale goufen. An der aktueller Situatioun wier et der Finanzministesch wichteg eng duerchduechten a responsabel Budgetspolitik ze maachen, bei där de Mënsch am Mëttelpunkt géif stoen.