Aktualitéitsstonn iwwer den 3. AlterDer eelerer Generatioun déi verdéngten Unerkennung ginn

Jean-Marc Sturm
D'Liewenserwaardung läit zu Lëtzebuerg bei 83 Joer. Tendenz steigend. Ëm eis Seniore goung et um Mëttwoch an der Chamber.

Et war eng Aktualitéitsdebatt iwwert den 3. Alter allgemeng heiheem an iwwert d’Moyenen, déi et ginn fir dëser Generatioun déi Unerkennung ze ginn, déi se, fir dat, wat se geleescht hunn, och verdéngt hunn. E vaste Sujet.

Initiator vun der Diskussioun war de Marc Spautz CSV. Seniorepolitik ass fir hie méi wéi Alters-a Fleegestrukturen, wou a Saachen Käschten a Qualitéit allemol de Schong dréckt Et geet och ëm deene Leit hir Problemer an Zäiten vun ëmmer méi Digitalisatioun. Derbäi Volete wéi Sécherheet oder Mobilitéit besonnesch an entleeëne Géigenden. Dat ass ëm sou méi wichteg, well d’Leit ëmmer méi laang doheem bleiwen. Do dierft et awer net zur Isolatioun kommen, esou de Marc Spautz. Fir deem entgéint ze wierken, misst och op kommunalem Plang méi op d’Seniore gelauschtert ginn a si eng Stëmm kréien.

Lauter Usätz, déi de Max Hahn, DP, ënnerschreiwe kann. Et wier och un der Politik derfir ze suergen, dass déi eeler Semester esou laang wéi méiglech autonom bleiwen.

D’Lutte géint Altersaarmut an d’Isolatioun an domadder verbonnen dem Verloscht vun der Liewensfreed bei den Eeleren ware Sujet an den Interventiounen vun Simone Asselborn-Bintz LSAP a Charles Margue déi Gréng.

Fir de Fred Keup ADR muss ee sech bewosst sinn, wat d’Land de concernéierte Leit ze verdanken huet.

D’Myriam Cecchetti, déi Lénk huet eng Lanz fir eng méi solidaresch Gesellschaft an d’Lutte géint Altersaarmut besonnesch bei de Fraen gebrach.

Den Aarmutsrisiko an de Niveau vun de klengste Renten war och Sujet beim Marc Goergen vun de Piraten.

Back to Top
CIM LOGO