Diddeleng an ZéissengDer Police goufen nees eng Partie Abréch gemellt, dat am hellliichten Dag

Andy Brücker
En Donneschdeg waren d'Abriecher ënnert anerem zu Diddeleng an zu Zéisseng aktiv.
© RTL Archiv

E Donneschdeg krut d'Police géint 15:30 Auer gemellt, dass an en Haus an der Keeler Strooss zu Diddeleng agebrach gouf. De Wee an d'Haus hunn déi Onéierlech warscheinlech via eng Kellerdier fonnt. Éischten Informatiounen no goufen e puer Laptoppen an eng Spillkonsol geklaut.

Kuerz no 17 Auer gouf dann en Abroch an eng Wunneng an der Rue de la Forêt zu Zéisseng gemellt. An dësem Fall goufe Bijoue geklaut.

D'Police huet fir béid Fäll eng Enquête an d'Weeër geleet.

Kette vum Hals geklaut - Täter gepëtzt

An der Nuecht vun e Mëttwoch op en Donneschdeg krut eng Fra am Garer Quartier, méi genee bei der Paräisser Plaz, eng Halskette geklaut. Si war nach mat enger anerer Fra ënnerwee, wéi si vun zwee Männer ugeschwat goufen. Ee vun de Männer huet no Sue gefrot, iwwerdeems den zweeten der Fra dunn d'Kette vum Hals gerappt huet. Béid Männer hu sech a verschidde Richtungen duerch d'Bascht gemaach. Am Kader vun der Enquête konnten déi zwee awer kuerz drop net wäit ewech gepëtzt ginn. Si goufe verhaft an haten um Donneschdeg Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.

Back to Top
CIM LOGO