Escher PatrimoineDer Vergaangenheet en adequate Kader ginn

Monique Kater
D'Vergaangenheet vun Esch gëtt op enger Plaz gesammelt a fir de Public accessibel gemaach.
Esch a seng Geschicht
D’Gemeng Esch wëll der Vergaangenheet en adequate Kader ginn

Dat Ganzt an engem historesche Gebai, esou resuméiert sech de Projet vun der Gemeng, déi domadder d’Geschicht vun der Minettmetropole an Zeen wëll setzen. Wat haut nach wéi en ambitionéierte Zukunftsprojet kléngt, soll no 2025 Realitéit sinn. Am sougenannten “Departement vum historeschen an industrielle Patrimoine” kréich een dann nämlech e kompletten Abléck an dat, wat Esch zu deem gemaach huet, wat et haut ass.

D’Gebai, dat der Escher Geschicht en Doheem wäert ginn, huet eleng scho genuch Historesches um Bockel, och wann et eréischt 1912 gebaut ginn ass. D’Gelsenkirchener Bergwerk war de Bauhär vum Gebai an der Avenue des Terres Rouges. A joerzéngtelaang war op dëser Adress d’Direktiounsgebai vun der Arbed. D’Gemeng huet déi national a kommunal geschützte Mauere kaf a wëll mam Renovéieren ufänken, soubal Luxcontrol, déi zënter de 90er do hir Büroen haten, erausgeplënnert sinn.

7,5 Milliounen hätt ee fir d’Gebai bezuelt, verréit den André Zwally, Schäffe fir Infrastrukturen, dee sech net wëll festleeën, wat d’Limitt vum Budget fir d’Renovéierung wäert sinn.

D’Gebai ass 3.000 Quadratmeter grouss a gëtt och en Doheem fir en Deel vum Conservatoire, deen elo am Gebai niewendru prouft. D’Geschicht vun der Stad Esch kritt de Rez-de-chaussée an de Keller. D’Escher Archiven, d’Fotothéik an dat industriellt Patrimoine kommen ënnert een Daach. Hei soll dat, wat ee schonn huet, ausgestallt ginn an eventuell och dat, wat vläicht nach a Schongkëschten op engem Späicher läit. Esou Tresore wëll Esch zesumme mam Bierger ausgruewen an erhalen an dowéinst d’Gemeng een Archivist agestallt.

De Yannick Kieffer ass Historiker a responsabel fir dëse Projet. Hie lancéiert en Appell un d’Escher, näischt ewechzegeheien, wat se u Fotoen a Dokumenter doheem leien hunn. Et kann ee sech einfach elo schonn un d’Archive vu der Gemeng adresséieren. Et kéim esouguer ee laanscht, wann d’Këschten ze schwéier sinn, sou déi Responsabel.

Fënnef Joer schaffe se schonn um neie Konzept. Et wëll een awer mat dësem Projet näischt komplett Neies erfannen, mä komplementar ginn. Esch ass houfreg op de Passé vu Stad a Gemeng a wëll där Vergaangenheet och en adequate Kader setzen. E Kader, dee jiddweree kann notzen, fir an dat vu fréier anzedauchen. Wéini dat wäert sinn, wëllt ee sech net festleeën, mä dat wat war, leeft jo u sech net fort a kann u sech och net ofgerappt ginn.

PDF: D'Konzept vum

Back to Top
CIM LOGO