
Dëst wärend dem Stellungskrich an der Ardennenoffensiv, déi haut virun 78 Joer vum Adolf Hitler lancéiert gouf. De Schumannseck ass, mat sengem Monument zu enger Plaz vum Gedenken, an dem Asaz géint de Krich ginn, an Zäite wou dësen esou no ass, wéi zanterhier net méi.
Bal 80 Joer herrscht Fridden an Zentraleuropa. An dach misst d’Erënnerung un de Krich héichgehale ginn, seet de Frank Rockenbrod, President vun der National Liberation Memorial. De Krich an der Ukrain géing weisen, dass Fridden keng Selbstverständlechkeet wier, an d’Commemoratiouns-Zeremonie fir d’Affer dëst Joer wier ëmsou méi wichteg: “Lo mat enger Situatioun, wou mer musse mat Schrécke feststellen, dass déi Wieder “Ni méi Krich”, déi nom éischten an zweete Weltkrich geklongen hunn, Realitéit gi sinn. Dass mer eis dofir asetzen, dass mer dat wat eis an Zentraleuropa gelongen ass, kënnen erhalen, an dass mer der Welt dat kënne weisen.”
Besonnesch d’Jugend misst sensibiliséiert ginn. Dass si sech bewosst ass, wat Krich bedeit, an et derwäert ass, sech fir d’Mënscherechter anzesetzen. Am Lycée du Nord zu Wolz ginn zum Beispill Schüler dofir als “Passeurs de mémoires” ausgebilt, wéi d’Mona Larbert vun 2ième. Hat erkläert wat hat wëllt aneren weider ginn: “Wann een héiert dass, eng gewëssen Unzuel u Leit gestuerwen ass, da sinn dat Zuelen. Wann een awer bei sou engem Commemoratiounsdag dobäi sëtzt, gesäit een, wéi d’Leit Tréinen an den Aen hunn, matfillen. Dann bedeit dat op eng Kéier esouvill méi. Ech géing probéieren ze beschreiwen, wéi vill méi et bedeit, wéi just eng Zuel.”
Eng e bëssi méi eng perséinlech Geschicht hat de Botschafter vun den USA zu Lëtzebuerg, den Thomas Barret, ze erzielen. Just een Dag nom Ufank vun der Ardennenoffensiv, hat seng Mamm hiren éischte Mann verluer, deen Zaldot an der amerikanescher Arméi war: “Hien gouf just no der lëtzebuergescher Grenz an Däitschland ëmbruecht. Si waren 6 Méint bestuet. Erbeemol war si eng 23 Joer al Wittfra. An ech si sécher, dass si sech gefrot huet: Wisou hunn ech mussen mäin Mann verléieren.”
De Grond wier, dass dës Interventioun hätt musse sinn well d’Demokratie a Gefor war, a well een hätt musse fir seng Wäerter astoen. Et wier richteg gewiergt, deemools wéi haut.