Vu Schoulsport bis PalliativfleegDës Petitioune kënne geschwë signéiert ginn

RTL Lëtzebuerg
11 nei ëffentlech Petitioune kënne geschwënn um Site vun der Chamber ënnerschriwwe ginn.

Ënnert dëse Petitiounen ass ënnert anerem eng, déi fuerdert, dass de Service des Soins palliatifs doheem vum CHDN Ettelbréck bäibehale gëtt.

An enger anerer geet rieds iwwert de Schoulsport. Hei wëll de Petitionär, dass d'Sportsstonnen an der Schoulzäit eropgesat ginn. Grad an der aktueller Zäit missten d'Stonne verduebelt, respektiv verdräifacht ginn, steet an der Petitioun 1809 ze liesen.

Donieft gëtt gefuerdert, dass d'Infirmier-Studenten e Recht op ee Bac+3 solle kréien. Zil wier et, d'LTPS-Formatioun méi attraktiv ze gestalten.

Dës a weider Petitioune kënnen elo um neie Site vun der Chamber ënnerschriwwe ginn.

D'Petitiounen dierfen op dëser Websäit nëmmen an den 3 offizielle Verwaltungssprooche vum Land deposéiert ginn. De Site kann och via Smartphone oder Tablett opgeruff ginn, fir eng Petitioun eranzeginn, respektiv eng Petitioun ze signéieren.

Back to Top
CIM LOGO