
Ee Petitionär freet zum Beispill, datt eng eenzeg Pièce d'identité mat Führerschäin a Sécurité sociale agefouert gëtt. En anere wëll Sécherheetsagente virun de Schoulen, Maison-relaisen a Crèchen.
Weider Theme sinn e Grondakommes vun 1.250 Euro fir all Lëtzebuerger Resident, eng Napoleon-Statu, UFOen a Kryptowärung.
E puer nei Petitioune beschäftege sech dann och mat der Covid-Kris. Sou freet ee Petitionär, datt geimpfte Persoune keng Privileegie solle kréien, bis all Mënsch d'Méiglechkeet kritt huet, sech impfen ze loossen. En anere freet, datt alleguerten d'Covidmesuren direkt ofgeschaaft ginn.
Dës a weider Petitioune kënnen elo um neie Site vun der Chamber ënnerschriwwe ginn. D'Petitiounen dierfen op dëser Websäit nëmmen an den 3 offizielle Verwaltungssprooche vum Land deposéiert ginn. De Site kann och via Smartphone oder Tablett opgeruff ginn, fir eng Petitioun eranzeginn, respektiv eng Petitioun ze signéieren.